De Film "She Said" ass inspiréiert vun der investigativer Aarbecht vun 2 amerikanesche Journalistinnen, déi eng Rei vu sexuellen Aggressiounen an der Hollywood-Filmindustrie opdecken.
Dëst gouf hannert de Kulisse vun der glamouréiser Filmindustrie zu Hollywood iwwert Joerzéngte verstoppt ignoréiert.
Änlech wéi en Detektiv-Film geet "She Said" op d'Spuere vun de "New York Times"-Journalistinne Megan Twohey an d'Jodi Kantor, wéi se Schratt fir Schratt op de Grond vun enger Rei vu vertuschte sexuellen Iwwergrëff a Vergewaltegunge ginn, déi alleguerte vum selwechte Mann ausgaange sinn. Rieds ass ouni Filter am Film vum Hollywood-Mogul a Produzent Harvey Weinstein, dee schlussendlech 2020 zu Los Angeles zu 23 Joer Prisong verurteelt gouf. An der Linn vu Filmer wéi "Sporlight" oder "All The Presidents Men" ass "She Said" e wichtege an engagéierte Film, dee kee Blat virun de Mond hëlt. Déi däitsch Realisatrice Maria Schrader ënnersträicht ëmmer nees déi irreprochabel Ethik vun den zwou Journalistinnen a weist an engems, wéi se konstant géint eng chronesch an déif verwuesse Fraefeindlechkeet hu misste kämpfen. D'Resultat ass e matrappenden, spannenden an eminent aktuelle Film. Extrem präzis Dialogen, déi mam Carey Mulligan a Zoe Kazaan vun zwou fantastesch Schauspillerinnen op ganz akut Manéier an d'Liewe geruff ginn, loossen dann och iwwert dem Film seng dach ze vill didaktesch visuell Approch ewechkucken. "She Said" ass e wichtegen Zäitzeien, deen op d'Originne vum #Metoo-Mouvement zeréckkënnt an deen de Merite huet,zugläich ënnerhalende Kino ze sinn.