Déi duebel Oscargewënnerin a Schauspillerin Emma Thompson ass momentan an engem néie Film mam Titel "Good Luck to you Leo Grande" am Kino ze gesinn.
D'Nancy Stokes ass eng pensionéiert Léierin, déi nom Doud vun hirem Mann op e rouegt a ganzt braavt Liewen zeréckkuckt. Ze brav am Verglach zu deem, wat si sech als jonk Fra dach esou virgestallt hat, zemools am Beräich vun der Sexualitéit. Sou datt si eng Réi Saache wëll nodréiglech nohuelen. Dofir engagéiert si e jonke Mann, dee sech ganz an den Déngscht vun hirem Genoss an hirem Wonsch no néien Erfarunge stellt. "Good Luck to you Leo Grande" ass e huis-clos, dee sech quasi integral an enger Hotelszëmmer ofspillt. Langweileg gëtt awer ni, well e vun engem extrem dynameschen Dréibuch ugedriwwen ass. En Zenario, deen et konstant fäerdeg bréngt, de Spectateur souwuel un d'Laachen ze bréngen, wéi en no a no an d'Intimitéit vum Nancy mat eranzehuelen. Wat Ufanks sech net wierklech vun engem Theaterstéck ënnerscheet, hëlt a sengem leschten Akt de staarke parti-pris, genee wéi seng Haaptduerstellerin, net weider prüd ze sinn, a scheit sech deemno net, dem Nancy hire Kierper ze weisen, wéi si sech op de Genoss vun hirem jonke Partner aléisst. An der Haut vum Nancy ass déi duebel Oscar Gewënnerin Emma Thompson ze gesinn. Mat enger op en Neits brillanter an immens emouvanter Interpretatioun gëtt si dem ganz iwwerzeegenden. wann och méi eendimensionalem Daryl McCormack hei d'Replique an engem intimen "coming of age"-Drama, an deem eng pensionéiert Fra sech nei entdeckt.