Déi existenziell Komedie "The Banshees of Inisherin" vum Zeenarist a Realisateur Martin McDonagh ass fir net manner wéi 8 Golden Globes nominéiert.
Genee wéi a sengem Debutfilm "In Bruges" spillen de Colin Farrell an de Brandon Gleeson hei d'Haaptrollen.
Ufanks der 20er Joren, op der entleeëner irescher Insel vun Inisherin, huet e Museker, deen op den Enn vu sengem Liewen zousteiert, vun engem Dag op deen aneren entscheet, net méi mat sengem beschte Kolleeg, engem eefällege Bauer mat engem groussen Häerz, ze schwätzen. De Padraic, dee mat enger Schwëster lieft, kënnt sech es net zou, datt hie vun elo un net méi vu 14 Auer mëttes u mat sengem aale Kolleeg kann an de Pub goen. Wéi hie sech drunhält wéi de Geck un de Bengel, fir seng Gewunnechten opriicht ze erhalen, dreet de Colm Doherty him domat, sech seng eege Fangeren ofzeschneiden, falls de Padraic hien nach jeemools sollt eng Kéier uschwätzen.
Véier Joer ass et hier, datt de Martin McDonagh fir "Three Billboards Outside Ebbing, Missouri" den Oscar fir dat beschten Dréibuch konnt wannen. Am Toun an am Fong dréit "The Banshees of Inisherin" dem McDonagh seng eenzegaarteg Handschrëft, och wann dëst Dréibuch am Verglach zu fréiere Wierker dach méi brav a monoton ass.
Dës existenziell Komedie, déi ëmmer nees mat engem schwaarzen Humor punktéiert ass, huet sech visuell kloer vum John Ford senge Western inspiréiert. Eng absurd Prämisse féiert dozou, d'Banalitéit an d'Absurditéit vun der mënschlecher Existenz op iwwerspëtzte Manéier duerzestellen. Dem McDonagh geléngt et awer iwwerdeems mat Momenter, op de Fong vun de puere mënschleche Gefiller vu Léift an Haass ze goen. Dozou droen awer virun allem déi fantastesch Acteuren ëm de Colin Farrell, de Brandon Gleeson an dem ëmmer nees erstaunleche Barry Keoghan bäi. Dëst melancholescht Märchen ass mat 8 Nominatiounen de grousse Favorit vun de Golden Globes, déi den 11. Januar zu Hollywood wäerten iwwerreecht ginn.