Den Acteur Ralph Fiennes ass bekannt fir seng Interpretatiounen vu fundamental béise Personnagen.
Vum Nazi-Offizéier Amon Goeth am "Schindler's List" bis hin zum Lord Voldemort an der Harry-Potter-Saga huet de brittesche Schauspiller ëmmer fir schuddereg Momenter gesuergt. An der rezenter Horror-Satir mam Titel "The Menu" ass dat net aneschters.
E jonke Kärel, dee begeeschtert ass vu gastronomescher Kichen invitéiert säin Date op eng eenzegaarteg Experienz. Am Restaurant Hawthorne, deen entleeën op enger isoléierter Insel läit, leed de Chef Kach Slowik héchstperséinlech duerch en Owend, an deem d'Gastronomie gefeiert gëtt. Aus dem Genoss fir d'Geschmacksknospen gëtt awer lues a lues en nawell skurrillen a bluddegen Owend, an deem de räiche Gäscht hir donkelst Geheimnisser zum Virschäin kommen.
"The Menu" ass eng genësserlech Satir, déi sech quasi integral an engem Iesssall ofspillt. Dëse Huis-clos, deen d'Extravaganze vun der gastronomescher Kichen an d'Indifferenz sou wéi d'Ignoranz vu senge räiche Gäscht ouni Filter verurteelt an op den Aarm hëlt, ass eng gelonge Kritik vun der Konsumgesellschaft, wou de Schäin a Geld ëmmer Virrang hunn. All Form vu Leidenschaft a Mënschlechkeet gëtt hei am Keim erstéckt. Dës iwwerspëtzte Satir gëtt no an no zu engem geschmacksvollen Horrorfilm, an deem souwuel de Ralph Fiennes sou wéi d'Anya Taylor-Joy an hire jeeweilege Rolle verblüffen. An den Ae vun dëse steeräiche Clienten, déi kee Bezuch zur Realitéit hunn, ass alles Schauspill, egal wéi grujeleg et ass, an alles gehéiert zum Spektakel dozou, bis si sech bewosst sinn, datt si fir ëmmer an engem gëllene Käfeg gefaange sinn. Op virtuos Manéier weist de Realisateur Mark Mylod wéi geläämt d'Gesellschaft, an där mer liewen, ass a wéi de Gruef, sou wuel moralesch wéi kulturell, tëschent de räichen an dem Rescht vun der Welt ëmmer méi oniwwerbréckbar gëtt a riicht op en absurd Enn duersteiert.