Den Adam Bessa huet d'Haaptroll am Film "Harka", enger weiderer Lëtzebuerger Koproduktioun gespillt.
Et gouf vill vum Vicky Krieps sengem verdéngten Interpretatiounspräis fir Corsage an der Sektioun UN CERTAIN REGATD um Film Festival vu Cannes zejoert geschwat, an dobäi e bësse vergiess, dass déi Lëtzebuerger Schauspillerin dësen Interpretatiounspräis mam franko-tuneseschen Acteur Adam Bessa gedeelt huet. Den Adam Bessa huet d'Haaptroll am Film HARKA, enger weiderer Lëtzebuerger Koproduktioun gespillt. De Joy Hoffmann mam Film vun der Woch.
HARKA huet am arabeschen zwou Bedeitungen: et heescht un éischter Stell "verbrennen". An et bezeechent och, am tuneseschen Argot, e Migrant, deen illegal d'Mëttelmier iwwerquiert. An domat ass de Kader gesat fir de Film vum amerikanesche Realisateur mat ägyptesche Wuerzelen, Lotfy Nathan.
Den Ali, Haaptpersonnage vum Film, lieft zu Sidi Bouzid an Tunesien, do wou 10 Joer virdrun den Mohamed Bouazizi sech immoléiert hat, an domat d'Revolutioun vum sougenannten Printemps Arabe mat ausgeléist hat. Dem Ali geet et net vill besser: hie versicht sech mat illegalem Verkaf vu Bensin iwwer Waasser ze halen, bis säi Papp stierft, deen eng onbezuelbar Schold um Haus hannerléisst, an hien och obligéiert sech ëm seng zwou jonk Schwësteren ze këmmeren.
Säin Dram, a seng gespuerte Suen fir auszewandere si fort. Vun elo un geet et nach just ëm d'Iwwerliewen, an den Ali versicht mat enger ongebändegter Energie zu Geld ze kommen, scheitert awer ëmmer erëm un de sozialen Ongerechtegkeeten, Korruptioun oder och einfach Pech.
De Realisateur bleift ëmmer ganz no u sengem revoltéierte Personnage, deen ëmmer a Beweegung ass a versicht trotz alle Réckschléi seng mënschlech Dignitéit ze behalen. De soziale Misär, deen de Film onverblimmt denoncéiert, gëtt e bëssen ofgeschwächt duerch des Dynamik an awer och duerch poetesch Landschaftsbiller, an engem schéinen Off Kommentar vun der klenger Schwëster als Hommage un de Brudder, dee sech sacrifiéiert. HARKA ass en excellente, bouleversante sozialen Thriller iwwert eng gescheitert Revolutioun.