Am Joer 1926 ass Hollywood en Uert, wou Dekadenz an Iwwermutt Hand an Hand ginn. A genee dës Ingrediente sinn am Iwwerfloss am Damien Chazelle sengem neien Epos mam Titel "Babylon" ze gesinn.
Iwwert 3 Stonnen hëlt de Realisateur vu "La La Land" Damien Chazelle de Spectateur mat op eng Rees an d'Kulisse vun der Dramfabrick vun Hollywood, déi kuerz virun der Transitioun vum Stommfilm zum Tounfilm steet.
En Acteur, dee seng bescht Joren hannert sech huet, eng jonk Fra ouni Hemmungen, déi iwwert d'Nuecht zum Filmstar gëtt, e mexikaneschen Immigréierten, deen alles mécht, fir am Filmbusiness ze schaffen an en Afro-amerikanesche Museker, deen aus dem Schied vu senger Band virun d'Kamera katapultéiert gëtt, stinn am Mëttelpunkt vum Damien Chazelle sengem "Babylon". Ob si et wëllen oder net, wäerten dës véier Protagonisten ënnert d'Dampwalz vun der Dramfabrick Hollywood geroden.
Voll gepackt mat cinephille Referenzen op d'Kinosgeschicht, ass dësen Epos e fundamental naive Potpourri, deen ëmmer nees dat selwecht zielt an dat iwwer 189 Minutten ewech. Den Damien Chazelle stellt dës iwwerflächlech Gesellschaft a glamouréis Industrie blouss, ma wat him an der Ouverturessequenz op magistral Manéier geléngt, ass am Rescht vum Film just e faden Echo vu sech selwer.
Doriwwer eraus ass et en Uneneereie vun zeenaristesche Facilitéiten an Inkoherenzen, genee wéi en iwwerspëtzte Rhythmus vum Film, dee versicht all Zeen, wéi e Sketch, op en iwwerspëtzte Klimax ze zwéngen, déi mat sech bréngen, datt "Babylon" dach séier d'Loft ausgeet. Do kann déi geballte Starpower ëm de Brad Pitt an d'Margot Robbie, déi genee wéi de Rescht vum Schauspiller-Ensemble, konstant iwwerspillen och näischt drun änneren.
"Babylon" ass um visuellen an ästheteschen Niveau awer en extrem ambitiéise Film, mat erstaunleche Kamerabeweegungen, enger formidabeler Luucht a spektakulären Dekoren. Dës technesch Meeschterleeschtung, déi um groussen Ecran sou richteg zum Virschäin kënnt, ass wuel grousse Kino, ma d'Emotiounen, déi de Film soll ervirruffen, si genee esou iwwerflächlech an artifiziell wéi seng Protagonisten an déi Welt, déi de Film sech e Pleséier mécht, op den Aarm ze huelen.