Mat Filmer wéi "Little Children" oder "In The Bedroom" huet de Schauspiller a Realisateur Todd Field ëmmer nees bewisen, datt Kino eng eminent a komplex Konschtform ass. Dëst ass a sengem rezente Film mam Titel "Tár" net aneschters.

D'Lydia Tár ass eng avant-gardistesch Dirigentin. Hiert extreemt erfollegräicht Liewe wäert a kierzester Zäit an d'Bréch goen, wann eng fréier Collaboratrice vun hier sech ëmbréngt. D'Lydia geréit an d'Viséier vun der erbaarmungsloser "Cancel Culture" a gëtt wéinst moralescher a sexueller Belästegung un de Pranger gestallt.Hir Sënner iwwerdréien an déi kal, staark a vu baussen aus betruechten emotiounslos Fra verléiert op Schwindel erreegend Manéier hir Repèren. Ugefouert vun der magistraler Cate Blanchett ass "Tár" en extrem aktuellen Drama, dee staark un déi éischt Filmer vum Roman Polanski oder dem Michael Haneke erënnert.

"Tár" ass eng Kinosexperienz, déi géint de Stroum vum zäitgenëssesche Kino schwëmmt an dat mat enger immens gelongener Iwwerzeegung. De Realisateur Todd Field hëlt de Spectateur an dësem subtille Portrait vun enger erfollegräicher Fra net bei der Hand a verléiert sech a kengem Moment an iwwerflëssegen Explikatiounen. Ganz am Géigendeel, "Tár" zitt seng Stäerkt aus dem affirméierte Choix, dem Spectateur seng Fräiheet ze loossen an z’observéieren, wat virun him geschitt, fir seng eege Schlëss draus ze zéien. Eng kal an distanzéiert, ma dofir ëmsou méi virtuos Ästhetik ënnermoolt dëse Film, an deem villes ufanks non verbal bleift, ier et lues a lues a Wierder an Emotioune formuléiert gëtt. "Tár" ass e Gedoldsspill, an deem eng extrem präzis Intrig sech no an no erauskristalliséiert, en nuancéierte Portrait, dee net fäert d'"Cancel Culture" geziilt a Fro ze stellen, ouni awer jee zum Moralapostel ze ginn, an deen déi komplex Fro opwerft, ob een e Wierk vu sengem Auteur trenne kann oder net.