De Film "Aftersun" vun der schottescher Realisatrice Charlotte Wells gouf zejoert um Festival vu Cannes an der Selektioun "La Semaine de la Critique" gewisen a krut och e Präis.
Den Haaptacteur Paul Mescal ass fir seng Roll vum fragille Papp wuel fir en Oscar nominéiert, ma déi grouss Revelatioun an dësem intimen Drama ass awer déi jonk Actrice Frankie Corio, déi hei hiren Debut op der grousser Leinwand gëtt. Aftersun ass awer wéit méi wéi e puere Schauspiller-Film.
D'Sophie, eng 30 Joer al Fra, déi rezent e Kand kritt huet, erënnert sech unhand vu Videoen, déi si mat enger klenger DV-Kamera gefilmt huet, un eng Summervakanz, déi si als 11 Joer aalt Meedche mat hirem Papp an der Tierkei verbruecht hat.
Et ass duerch de frontale Bléck vum klenge, wuertgewante Sophie wou d'Figur vum Calum, engem Papp dee versicht säi Bescht ze maachen, lues a lues Form hëlt. No senger Scheedung ass de Calum awer selwer verluer am Liewen, kämpft mat Depressiounen a versicht mat Tai-Chi an Danz eng Zort Ausgläich ze fannen. Déi puer bescheiden Deeg an engem Hotel um Mier wou niewendrun e Schantjen konstant fir Radau suergt, brénge Papp an Duerschter zesummen. Alldagsszenen, déi op kompromësslos ma ëmsou méi sensibel Manéier gewise ginn, réien sech uneneen bis de Spectateur komplett an dës idyllesch Vakanz agedaucht ass. Et ass dëse Moment vun totaler Immersioun, deen d'Realisatrice Charlotte Wells auswielt, fir am leschten Drëttel vum Film d'Realitéit an de Präsens mat den Erënnerungen kollidéieren ze loossen an d'Nout an Verzweiwlung vum Papp a senger Duerschter op fulminant a ganz expressiv Manéier ze weisen.
Aftersun ass eng eemoleg emotional Rees an där Gefiller gewise ginn ouni ausgeschwat ze ginn. Am Charlotte Wells hirem grandiosen Debutfilm erzielt villes sech tëschent de Linnen oder, besser gesot, tëschent de Biller, déi op onverschimmten, deels experimentell a radikal Manéier d'Schietsäite vum Liewen an d'Luucht katapultéieren.