Blanquita leeft vum nächste Mëttwoch uns an de Kinoen, ma den Joy Hoffmann huet de Film scho gesinn.
De Film "Blanquita" aus dem Chile, ass eng vun de ville Lëtzebuerger Koproduktiounen, an dësem Fall vun der Firma Tarantula, déi am Kader vum Programm Cinéworld vum Lëtzebuerger Filmfong ënnerstëtzt ginn. Dobäi kommen dacks interessant Filmer, aus méi produktiounsschwaache frieme Länner eraus, déi och dacks Präisser op internationale Festivaller kréien.
Am Zentrum vum Film steet d'Blanquita, e jonkt Meedchen, dat sexuell abuséiert gouf an elo mat aneren traumatiséierte Jugendlechen an engem Foyer lieft. Matt der Ënnerstëtzung vum Geeschtlechen, deen de Foyer leet, decidéieren si géint hir Aggresseuren, räich Businessleit a Politiker, ze temoignéieren. Aus der Perspektiv vun den Affer erzielt, inspiréiert sech de Film un engem reellen a vill mediatiséierte Prozess géint e pedophille Reseau aus de Joren 2000 am Chile.
Et handelt sech awer hei net ëm en traditionelle melodramateschen oder action-orientéierten Enquête-Film iwwert Pedokriminalitéit. An och d'Blanquita selwer ass keng klassesch militant Heldin, mee e ganz ambivalente Personnage, dee sech an aussiichtsloser Positioun géint korrupt Institutiounen op seng ganz eege Manéier revanchéiert.
A gréisstendeels bloen a groen Téin schaaft de chileenesche Realisateur eng kal, düster, thriller-aarteg Atmosphär, an där kee mat ganz oppene Kaarte spillt, och d'Blanquita net. Niewent enger staarker Empathie fir déi jugendlech Affer werft de Film awer och d'Fro op, wéi weit et ethesch gerechtfäerdegt, a besonnesch och sënnvoll ass, mat diskutabele Mëttele fir säi Recht anzetrieden. Blanquita ass en inhaltlech villschichtegen an och formal bemierkenswäerte Film.