De Film dréint sech ëm de filmbegeeschterte Sammy, dee quasi mat der Kamera d'Ausernanerliewe vu senger Famill dokumentéiert.

Den amerikanesche Realisateur Steven Spielberg huet an de 70er an 80er Joren dozou bäigedroen, zu Hollywood d'Ära vun de grousse Blockbuster anzelauden. Am Alter vun 76 Joer huet de Realisateur vu Filmer wéi "E.T." oder de rezente "West Side Story" säi wuel perséinlechste Film gemaach. “The Fabelmans” ass siwe Mol fir en Oscar nominéiert a leeft vun e Mëttwoch an de Kinoen.

Nodeems de Sammy a senge jonke Jore fir d’éischt mat sengen Elteren an de Kino war an den Zauber vun der grousser Leinwand Hautno erlieft huet, gouf hie vu senger Faszinatioun iwwerrompelt a Filmer maache gouf zu senger grousser Leidenschaft. Mat der Kamera no um A gëtt hien Zeien, wéi seng Elteren sech ausernaner liewen. De Papp, en Informatikgenie, a seng Mamm, déi hir méiglech Karriär als Pianistin opginn huet, fir no hire Kanner ze kucken, si wuel frou mateneen, ma wéi de Sammy et um eegene Läif wäert erliewen, geet Léift net ëmmer duer.

Vun E.T. bis hin zu A.I. iwwert MINORITY REPORT oder JURASSIC PARK ware getrennte Familljen nach ëmmer en Thema uechter dem Steven Spielberg seng Filmer. Markéiert vu senger eegener Kandheet huet de Spielberg an der Majoritéit vu senge Wierker ëmmer nees versicht, d’Trennung vu sengen Elteren opzeschaffen. Am THE FABELMANS bléckt den Hollywood Mogul ouni Ëmwee op seng eegen Experienz zeréck a setzt se mat engem eenzegaartegen a fundamental éierlechem Bléck an Zeen, ouni jee heuchleresch ze ginn.

Zesumme mat senge laangjärege Kollaborateure wéi dem Beliichter a Kameramann Janusz Kaminski oder dem Komponist John Williams ass dem Spielberg e ganz beréierenden Hommage un de Kino als Konschtform, déi ëmmer nees vun der Realitéit agefaangen gëtt, gelongen. Vum éischte Plang u stellt de Spielberg seng ganz eegen an affirméiert Maîtrise vum Medium ënner Beweis mat enger Kamera, déi den Haaptprotagonist révéléiert, éier d’Eltere sech an dem jonke Borscht seng Welt eraknéien, genee wéi de Spectateur dat wäert wärend immens ënnerhalenden an emouvanten 2 an 31 Minutten maachen.