10 Joer no hirem leschte Film "Stories We Tell" mellt déi kanadesch Realisatrice Sarah Polley sech mat enger Verfilmung vum Miriam Toews hirem engagéierte Roman mam Titel Women Talking aus dem Joer 2018 zeréck.

An enger strikter reliéiser Communautéit fannen d'Fraen eraus, datt net Geeschter oder Monstere sinn nuets am déiwe Schlof mëssbrauchen, ma datt d'Männer aus hirer Kolonie si ëmmer nees drogéieren, fir se ze vergewaltegen. D'Frae setze sech duerch dës Erkenntnis zesummen, fir ze entscheeden, wéi si sollen handelen. De Männer verzeien, kämpfen oder fortlafen, sinn déi 3 méiglech Weeër, déi si aschloe kéinten, ma fir d’éischt wëlle si fir sech erausfannen, wat hir bescht méiglech Zukunft wier.

Women Talking ass vun historesche Fakten inspiréiert, déi sech an enger ofgeleeëner Kolonie a Bolivien ofgespillt hunn. D’Realisatrice Sarah Polley transposéiert dës fundamental ongerecht Geschicht an Amerika a beschreift hire Film wéi eng ausgemoolten Äntwert op eng richteger Geschicht. Den onvermeidlechen Opstand vun de Frae schwieft iwwert dësem Drama, dee versicht op ganz didaktesch Manéier ze weisen, wéi eng Éiwegkeet vu männlecher Dominatioun duerch en Austausch vun Iddie vu Fraen, deenen eng Educatioun enthale gouf, op en Enn muss kommen.

Fundamental wichteg Diskussiounen iwwert Fräiheet, Onofhängegkeet, Glawen a Léift dividéieren d’Fraen, loossen hir Ängschten opblëtzen a brénge si schlussendlech all zesummen. Women Talking ass dacks ze vill demonstrativ an theatralesch inzeenéiert, ma den Ensembel vu Schauspillerinnen ugefouert vum Rooney Mara, dem Claire Foy oder nach dem Jessie Buckley gekoppelt mat der Thematik vum Film maachen aus Women Talking en akut wichtegen an emouvante Film.