No zwee James-Bond-Filmer an dem spektakuläre Krichsdrama "1917" huet de Realisateur Sam Mendes mat "Empire of the Light" e ganz perséinleche Film geschriwwen an inzeenéiert.

E Groussdeel vum Film dréit sech ëm e Kino aus den 80er Joren. D'Hilary schafft zënter Joren an dësem Kino op der englescher Küst. Si féiert en einsamt Liewen a fillt sech emotiounslos zënter deem si Medikamenter hëlt, fir sech net an hirer Trauer an hiren Ängschten ze verléieren. Trotz enger Affär mam Kinosmanager deen si ausnotzt, versicht d’Hilary sou gutt et geet, sech virun enger erneierter Depressioun ze schützen.

Wéi e jonke Mann mat afrikanescher Ofstamung ufänkt am selwechte Kino ze schaffen léist si hir Garde erof, verléift sech ouni Sécherheetsnetz an hält op hir Medikamenter ze huelen. Wat sech Ufanks wéi e neit Liewen ufillt, ass e kuerzweilegen Klimax an enger Spiral aus där d'Hilary net erauskënnt.

EMPIRE OF LIGHT ass e ganz perséinlechen, deels autobiographeschen an intimen Drama vum Regisseur vu "Skyfall" an "American Beauty" Sam Mendes.  Um Fong vun engem politesche Kontext, dee vun den éischte Jore vum Mandat vun der "Iron Lady" Margareth Thatcher markéiert ass, erzielt de Mendes eng zeréckhalend an dach antiklimaktesch Geschicht, déi verschidden Theme behandelt. Deemno zeechnen déi sozial Onrouen, an d’Opkomme vun engem pueren haasserfëllte Rietsextremismus, de Fong vun enger Libesgeschicht, an där déi mental Gesondheet an hir Fragilitéit am Mëttelpunkt steet. D'Actrice Olivia Colman ass nees eemol brillant an dëser schwiereger Haaptroll, déi an engem grandiosen Dekor vun engem majestéitesche Kino evoluéiert. Ënnermoolt vun enger ergräifender Beliichtung vum Roger Deakins ass "Empire of the Light" awer och en Hommage un de Kino an den déiwen Impakt, deen e Film kann op all Mënsch hunn.