Den Adonis Creed, Bouf vum fréiere Weltmeeschter Appollo Creed, huet a senger Boxer Karriär alles erreecht an all Titel gewonnen.

3 Joer nodeems hie seng Boxhändschen un de Nol gehaangen huet, daucht säi Kandheetskolleeg op, mat deem hien nach eng oppe Rechnung huet. E Comeback an de Ring fir säi bis dato perséinlechste Match ze boxen, schéngt deemno déi eenzeg Léisung, fir den Adonis ze sinn.

Vu sengem Ausgangspunkt hir ass den drëtte "Creed"-Film sécherlech dee mam gréissten emotionale Potential. Dëse Potential gëtt awer ënnert der Regie vum Haaptduersteller Michael B. Jordan, deen hei säin Debut hannert der Kamera gëtt, net ausgenotzt. Ëmmer nees gëtt d'Narratioun ze séier weider gedriwwen an domat ass den Ëmschwong vun de Personnagen an hir Konflikter ëmmer séier expediéiert.

E féxe Rhythmus, deen dem Fong vun der Geschicht net gerecht gëtt, ma dee sech selwer bremst, soubal et an de Ring geet, wou d’Boxmatcher op impressionnant Manéier inzenéiert ginn. Staark inspiréiert aus der Welt vun de japaneschen Anime-Filmer sinn dës Kampfzeenen, genee wéi d’Interpretatioun vum exzellente Jonathan Majors, den Highlight vun dësem Creed-Film, deen nees beweist, datt a Punkto Dramaturgie den originale Rocky-Film aus dem Joer 1976 nach ëmmer den ongeschloene Champion bléift.