De schwedesche Realisateur David F. Sandberg huet sech mat Horrorfilmer en Numm an der Filmindustrie gemaach. 2019 huet hie säin éischte Superheldefilm mam Titel SHAZAM! fir de groussen Ecran adaptéiert.

Dëse groussen internationalen a finanziellen Erfolleg krut dann och eng Suite, déi aktuell an de Kinoe leeft. Ob SHAZAM! FURY OF THE GODS u säi Virgänger kann uknäppen, verréit Iech de Loïc Tanson.

SHAZAM! FURY OF THE GODS knäppt direkt u säi Virgänger un an interesséiert sech zemools un d'Relatioun tëschent den eenzelen Memberen vun dëser zesumme gewierfelter Superheldefamill déi aus Kanner a Jugendlecher besteet déi zu staarken a muskuléisen Helde ginn soubal se d'Wuert Shazam ausschwätzen. An den Aen vun der Ëffentlechkeet ginn si net seriö geholl ma si versichen trotzdeem hirer Roll su gutt et geet gerecht ze ginn. Wann dem Gott Atlas seng Duechteren op onser Welt opkräizen fir hir Revanche op d'Mënschheet ze huelen sinn de SHAZAM a seng Geschwëster gefuerdert méi séier wéi gewollt räif a verstänneg ze ginn. 2019 ass mat SHAZAM! eng Adaptatioun vum beléiften DC Comicbuchheld an d'Kinoe komm. Dëse verspillten a naiven Held konnt weltwäit 361 Milliounen aspillen. Eng Suite war deemno keng Iwwerraschung. Datt den 2. Volet an enger Filmrei dach dacks zu enger Enttäuschung gëtt, ass awer och kee Geheimnis an der Filmgeschicht. Och wann et hei natierlech e puer Ausname ginn, sou gehéiert SHAZAM! FURY OF THE GODS net onbedéngt dozou. En Desaster ass dem David F. Sandberg säi Superheldefilm awer och net.

Do, wou säi Virgänger sech awer dach un e breede Publikum geriicht huet, ass dëse Volet awer virun allem eng Aventure fir jonk Teenager, déi mat Momenter staark un den Harry Potter erënnert. Ze vill no un engem Katastrophen-Zombie-Film a sengem leschten Drëttel ass FURY OF THE GODS awer sécherlech kee Kannerfilm, ma seng extreem naiv Duerstellung vu sengen Teenagerhelden a brav Witzer riskéieren Zuschauer iwwert 14 Joer dach séier ze langweilen. Ënnert dem Stréch liwwert SHAZAM! FURY OF THE GODS awer wat all Superheldefilmer verspriechen an zwar spektakulär spezial Effekter an e Showdown, deen trotz allem Kitsch dach iwwerzeegt.