Éier e kuerz no der Invasioun vun der Ukrain Russland definitiv verlooss huet, hat den unerkannten, dissidenten russeschen Theater a Film Regisseur Kirill Serebrennikov, seng dräi Spillfilmer all an der offizieller Kompetitioun zu Cannes presentéiert.

Dorënner och säi leschte Film "La Femme De Tchaikovski".

Déi jonk Studentin Antonina Miliukova verléift sech an de Komponist Piotr Tchaikovski, deen deemools an den 1870er Joer schonn en Numm hat. Si gëtt sech net, bis hien awëllegt, si ze bestueden. Eng Fra hat deemools gesellschaftlech keng Rechter a war total ofhängeg vun de Männer. Fir den Tchaikovski, deen homosexuell war, war sengersäits dat Bestietnis e Versuch, sech eng gewëssen Normalitéit ze ginn an de Rumeuren en Enn ze setzen.

De Film ass ganz aus der Perspektiv vum Antonina erzielt an, obschonn d'Situatioun fir de Spectateur schnell kloer ass, an den Tchaikovski ganz fréi näischt méi vu senger Fra wëllt wëssen, ass et eréischt an der Halschecht vum Film, wou d'Antonina muss kloer gesot kréien, dass hire Mann homosexuell ass. War si virdru wuel och schonn am Déni, esou hält si weider total besiess bis an de Wansinn un hirer  Léift an hirem  Mann fest.

Reng formal ass de Film e Genoss. E spillt sech gréisstendeels a schwaach beliichten Appartementer of, an deenen de Realisateur a sei Kameramann magistral komponéiert Tableaue kreéieren.

Et kann een de Film och als eng Kritik un der russescher machistescher Gesellschaft liesen, un där souwuel den Tchaikovski wéi seng Fra, jiddereen op hir Manéier, zu Gronn ginn.

Ouni weider Spannung an richteg Konflikt-Momenter tëschent de Protagonisten, ass et och fir de Spectateur eng Péng, fir bal zwou an eng hallef Stonnen enger Fra missen nozekucken, déi géint all bon sens alles drusetzt, fir bei hirem Mann ze bleiwen a sech konstant humiliéiert. A wien dem Tchaikovski seng Musek gär huet, kënnt och net op seng Käschten.