"Les Trois Mousquetaires: D'Artagnan" vum Martin Bourboulon
"Les Trois Mousquetaires: D'Artagnan" ass den éischten vun 2 Volete vum Martin Bourboulon sengem opwennegen an ambitiéise Film deen de Genre vum "cape et épée" nees well zäitgeméiss maachen.
Am Ufank vum 17te Joerhonnert an engem Frankräich, dat duerch e Krich vun de Reliounen an zwee gedeelt ass, reest e jonke Kärel vum Land op Paräis fir an d’Reien vun den Elite Garden vum Kinnek opgeholl ze ginn. Ma et gëtt net Mousquetaire wie well. Den arroganten a naiven D’Artagnan wäert sech awer séier nei Kolleegen maachen a matten an eng international Konspiratioun geroden.
Um visuellen Niveau ass de Realisateur hei zemools an den Action-Sequenzen de gewote partipris agaangen, ëmmer an engem strikte Point de Vue vun engem Personnage ze bleiwen an se ouni Schnatt z’inzenéieren. Dëst ass Deels gelongen, ma dréit awer och zu enger gewësser Onlieserlechkeet vun der Aktioun bäi.
D'Kostümer an Dekoren an dëser 60 Milliounen deierer Produktioun sinn extrem gelongen an d’Schauspiller ëm de François Civil, Vincent Cassel an d’Eva Green versichen hiert Méiglechst, fir dem Alexandre Dumas seng Sprooch nees opliewen ze loossen ze loossen, wat zum Deel dach onbehollef an theatralesch klengt.
All d’Personnage leiden awer ënnert dem stännegen Drang vun der Narratioun fir d’Aktiounen unzedreiwen an eleng d’Vicky Krieps an der Haut vun der Kinnigin an d’Lyna Khoudri, déi hier Vertraute Constance Bonacieux spillt, bréngen Emotiounen zum Virschäin.
"Les Trois Mousquetaires: D'Artagnan" ass als groussen Entertainment geduecht a gëtt deem och gerecht, ma e gëtt virun allem Loscht dem Dumas säi villschichtegt an immens ënnerhalend Wierk nees ze liesen éier dann am Dezember den 2. Volet an de Kinoen erauskënnt.