De Film "Emily" ass fräi inspiréiert vun der Schrëftstellerin Emily Brontë hirem Liewen. Regie féiert d’Schauspillerin Frances O’Connor, déi hei hiren Debut hannert der Kamera gëtt.

Dat scheit Emily ass dat jéngst vu véier Kanner. Am Ufank vum 19t. Joerhonnert ass der jonker Fra hire Wee vun der Traditioun an den Erwaardunge vun hirem elengerzéiende Papp virgezeechent. Ma d’Emily stellt konstant alles a Fro, souwuel d’Relioun an dem Gott säi Wuert dat hire Papp all Dag priedegt wéi awer och déi ënnerworfe Platz vun der Fra an der Gesellschaft. Hat strieft no Fräiheet am Denken an zéckt net, seng Gedanken an engem Roman festzehalen. D’Resultat ass hiert eenzegt Buch, éier si mat 30 Joer stierft, e Klassiker aus der Literatur: "Wuthering Heights". "Emily" ass keen traditionelle Biopic, well d'Dréibuch vum Frances O’Connor distanzéiert sech gewollt vun historesche Fakten fir dofir awer am Geescht an am Sënn ze versichen, dem Liewen an dem Charakter vum Emily Brontë gerecht ze ginn. Effektiv vermëschen sech hei Fiktioun a Realitéit, wann Elementer aus der Brontë hirer Biographie sech mat hirem Wierk "Wuthering Heights" iwwerschneiden.

D’Resultat ass e fundamental fräie Film, eng imaginär Interpretatioun vum marginalen a rebellesche Liewe vun enger Schrëftstellerin – kuerz gesot e Kinosfilm mat engem staarke Point de vue. A genee domat entgeet d’Realisatrice Frances O’Connor de sëllege schwéierfällege Coden vum traditionelle Biopic a gëtt der Actrice Emma Mackay d’Méiglechkeet, hire Personnage op erfrëschend Manéier ze verkierperen.