"Lost Transport" vum Saskia Diesing
Dës Lëtzebuerger Koproduktioun spillt um Enn vum 2. Weltkrich, zu engem Ament sech eng Jiddin, Nazi-Supporterin a Russin zesummen an engem Gebai befannen.
Ee vun dräi Zich mat honnerte vu Judden aus dem KZ vu Bergen Belsen gëtt am Abrëll 1945 vun de Nazie beim Duerf Töplitz a Brandenburg op hirer Flucht virun de Russen abandonéiert. Dat ass de geschichtlechen Hannergrond vun der Lëtzebuerger Koproduktioun Lost Transport.
Zimmlech fit fir eng KZ-Gefaange klëmmt d'Hollännerin Simone aus dem Zuch a stéisst op Zaldoten vun der Rouder Arméi. Mä och déi hunn näischt ze Iessen, an esou decidéiere se, en Duerf an der Noperschaft ze besetzen, Iessen ze confisquéieren an e Lazarett fir déi un Typhus erkrankten jiddesch Häftlingen ze installéieren. Dobäi kënnt d'Mamm vun der Winnie, enger fanatescher Hitler-Adeptin ëm. D'Simone mësstraut de Russen a wëll hire kranke Mann op kee Fall an d'Lazarett ginn. An esou wëllt den Zoufall et dann, dass déi dräi ganz ënnerschiddlech Frae sech am selwechten Haus zesummefannen: dat blond Nazimädel, déi besuergte Jiddin an déi Wodka schlürfend russesch Scharfschützin, déi vum Eugenie Anselin gespillt gëtt.
Duerch déi verschidden Ziler, déi jiddereng vun den dräi Frae verfollegen, an duerch hir ënnerschiddlech Originne entstinn natierlech Mësstrauen an och Konflikter, déi fir eng gewësse Spannung am Film suergen. Mä ganz schnell entwéckelt sech tëschent deenen dräi Fraen eng op Pragmatismus baséiert Solidaritéit, déi, am historesche Kontext, allerdéngs wéineg glaubhaft ass. Mä dass dës Solidaritéit all Géigesätzleches iwwerwanne kann ass nu mol den éischter gutt gemengte Message vum Film. E puer kleng Gesten oder touchant Zeenen tëschent de Fraen, kann een zeréckbehalen an dësem soss éischter konventionellen a vun der Hollännerin Saskia Diesing inzeenéierte Film, deem seng interessant Ausgankssituatioun sécherlech vill méi hätt kënnen hierginn.