"Little Duke" vum Andy Bausch
No der Komedie RUSTY BOYS aus dem Joer 2017, bauen den Andy Bausch a säi Scénarist Fränk Feitler weiderhin mat hirem neien a soziale Film op eng Al Männer- a Loser-Nostalgie.
Nodeems den O'Hara, Patron vum iresche Pub "Littel Duke" am Pafendall, an Adoptivpapp vun den zwee ex Heemkanner Mill a Schummi, gestuerwen ass, versichen déi zwéin mat hire gutt 60 Joer de marode Bistro iwwer Waasser ze halen. Net nëmme maachen Immobiliëspekulanten Drock op se, well déi am, allerdéngs protegéierte, Quartier, e risege Projet mat Residenze fir di Räich wëlle bauen, mee de Mill kritt och Problemer mat de soziale Servicer vun der Gemeng. Déi wëllen nämlech säin Enkel, ëm deen hie sech ganz väterlech bekëmmert, well d'Mamm déif an den Droge stécht, an en Heem stiechen.
D'Relatioun tëschent dem Bopa, sengem Enkel an der kranker Mamm, déi excellent vum Änder Jung, dem klengen Mayson Bossi an der Elisabet Johannesdottir interpretéiert sinn, ass dann och deen Deel vum Film deen iwwerzeege kann, a wann een da wëll, och e bëssen Emotiounen opkomme léisst.
Ma soubal den Andy Bausch dann awer versicht, gutt gemengt sozialkritesch ze ginn, fält en an d'Karikatur. Besonnesch all Zeenen mat der Hex aus dem Service Social an dem uschléissende Prozess sinn einfach deplacéiert, genau wéi di sëllegen bëlleg Witzer, ouni déi den Andy Bausch mengt, et géif net goen.
Dem Film feelt et och u Rhythmus an enger klorer Struktur, net ze schwätzen vun enger zimmlech inkoherenter Mise en scène. Dobäi hat den Andy Bausch a seng Equipe an Tëschenzäit largement d'Méiglechkeet, sech e bëssen eppes vum Knowhow vun der jonker Generatioun vu Lëtzebuerger Cineasten unzëeegnen. Hie steet elo do an der Lëtzebuerger Filmzeen e bëssen verluer a verlooss wéi seng eege Film Personnagen, mat senger naiv-nostalgescher Visioun vum sougenannte klenge Mann, fir deen en eng Lanz versicht ze briechen.