Guardians of The Galaxy Vol. 3 vum James Gunn
"Guardians of the Galaxy Vol. 3" ass eng nei Comicbuchverfilmung, déi zënter e Mëttwoch an de Kinoen uechter d'Land leeft. Et ass de leschte Volet an enger Saga, wou eng Band vun Aussesäiter den Universum virun engem Wëssenschaftler muss retten, dee sech a sengem Gréisstewan fir Gott hält.
De Peter Quill ass nach ëmmer net doriwwer ewech komm, datt seng grouss Léift net méi en Deel vu sengem Liewen ass. Wa säi beschte Kolleeg, de Wäschbier Rocket, schwéier verwonnt gëtt, muss hie sech zesummerappen a mat sengen Acolytten an e gutt gesécherte Laboratoire abriechen, fir en ze retten. Hei komme si op d’Spuere vum Rocket senger düsterer Vergaangenheet. Den drëtten a leschte Volet vun der "Guardians of the Galaxy"-Saga ass net nëmmen de gelongensten Actionfilm vun dëser Filmrei, ma et ass virun allem och eng emouvant Komedie, déi endlech nees frësche Wand an de Genre vun de Comicbuchverfilmungen erabréngt. Wann déi zwee éischt Guardians Filmer schonn hir eegen Handschrëft ënnert der Regie vum James Gunn haten, sou beneficiéiert dëse Volume 3 dovunner, datt seng Personnagë scho gutt etabléiert sinn a si deemno e würdegen an Deels erstaunlech beréierende Schluss kréien. Gekoppelt mat fantastesche Spezial Effekter an engem genësserleche Soundtrack, dee vu Radiohead iwwert Earth, Wind and Fire bis hin zu de Beastie Boys geet, ass dëse Spaceopera attraktiven a spektakuläre Popkornkino vum Feinsten.