De Michael Jordan ass eng Legend an der Welt vum Sport a vum Basketball. De Film "Air" vum Ben Affleck erzielt wuel net dem fréiere Chicago Bulls-Spiller a 6-fache Champion seng Liewensgeschicht, ma dofir awer wéi den Numm "Air Jordan" zu engem reegelrechte Markenzeeche ginn ass. De Loïc Tanson mam Film vun der Woch.

De Sonny Vaccaro, gespillt vum Matt Damon, soll am Joer 1984 aus dem bekannte Lafschong vun Nike och e renomméierte Basketballschong maachen, deen eng Referenz a sengem Beräich soll ginn. Ma géint di laang etabléiert Géigner vun Adidas a Converse, déi an der Welt vun der "National Basketball Association", der NBA, déi grouss Leadere sinn, ass dëse Plang nawell aussiichtslos, zemools mat engem dach limitéierte Budget. Wier do net e jonke Spiller aus dem Staat North Carolina, deen dat Joer an der NBA debarkéiert an deen dem Sonny no de Sport wäert revolutionéieren. Fir dëse Spiller awer ënner Kontrakt ze kréien, muss de Sonny fir d’éischt mol seng Mamm vu sech a senger Mark mam "Swoosh" iwwerzeegen. "Air" ass e gutt rhythméierten a clever geschriwwenen Drama, deen op eng ganz konventionell Manéier vum Ben Affleck realiséiert gouf. Engersäits wéist "Air" wéi de Phenomän "Air Jordan" entstanen a vun Nike konzipéiert gouf, ma e gëtt awer och e Bléck hannert d'Kulissen vun enger Firma, déi sech an de puere liberalen amerikanesche System ageschriwwen huet a mat der Zäit riskéiert huet, seng Identitéit ze verléieren. Iwwert d’Anekdot eraus kënnt dësen Drama awer ni wierklech an e fillt sech dach un wéi en éischten Episod vun enger Serie déi keng Suite méi huet.

"Air" ass kee Sportsdrama, de Michael Jordan gesäit een am Film héchstens an Archivbiller. Am Vierdergrond steet e ganz anere Visionär, de Sonny Vaccaro a seng Relatioun mam Nike Grënner Phil Knight gespillt vum Ben Affleck a mam Jordan senger Mamm, déi op grandiose Manéier vum Viola Davis gespillt gëtt.