De 76te Film Festival vu Cannes leeft momentan op Héichtouren. De Film Jeanne du Barry, deen Ugangs der Woch d'Festivitéite lancéiert hat, leeft och schonn an de Kinoen hei am Land. De Loïc Tanson war bei der Ouverture mat derbäi an hëlt de Film mam Johnny Depp ënnert d’Lupp.

D'Jeanne kënnt aus ganz aarme Verhältnisser. Ganz frei leiert si, datt hire Charme hiren eenzege Wee ass, fir duerch d’Liewen ze kommen. Als Kurtisane gëtt si séier zur Sensatioun, déi et bis op Versailles packt, wou de Louis XV sech Hals iwwer Kapp a se verléift, ma de Recht vum Haff hir awer guer net gutt gesënnt ass.

Marie-Antoinette vum Sofia Coppola hat am Joer 2006 den historesche Film mat enger staarker visueller an anachronistescher Approche opgefrëscht an de Festival vu Cannes markéiert. Dëst geléngt der Realisatrice an Haaptduerstellerin Maïwenn mat hirem opwennegem Jeanne du Barry a kengem Moment. Souguer als klassesche Kostüms- a Periodefilm ass dës nombrilistesch Propositioun virun allem duerch de Vakuum vun hirer Erzielung gepräägt. Dëst Schicksal vun enger staarker Fra, déi sech de Coden vum Haff an der Monarchie widdersetzt, souwuel aus Trotz wéi aus Ignoranz, ass sou flaach an eidel wei dem Johnny Depp seng apathesch Inkarnatioun vum Louis XV. De faszinanten Dekor vu Versailles genee wei eng exzellent Duerstellung vum Schauspiller Benjamin Lavherne an der Haut vum Louis XV sengem enkste Conseiller ginn awer net duer, fir dëser Fresque méi Interêt ze ginn, wéi deen vum Maïwenn, sech selwer an Zeen ze setzen.