"Anatomie d'une chute" vum Justine Triet
E franséische Geriichtsfilm, deen dëst Joer um renomméierte Festival vu Cannes mat der Palme d’Or déi héchsten Auszeechnung krut.
D’Realisatrice Justine Triet huet mat hirem 4. Film net nëmmen eng spannend Enquête inzenéiert, ma virun allem och de Portrait vun enger charakterstaarker an ambivalenter Schrëftstellerin realiséiert.
E jonke Bouf, dee quasi ganz blann ass, fënnt säi Papp e puer Schrëtt virun der Hausdier dout am Schnéi op. Wann Ufanks alles op e Selbstmord hiweist, gëtt dem Jong seng Mamm, eng renomméiert Schrëftstellerin, séier zur Haaptverdächteger an dësem Mordfall. Wärend dem ganze Prozess muss den eelef Joer alen Daniel sech senger Mamm hir Äntwerten op dem Procureur seng ongefiltert Froen all unhéieren a kritt esou e ganz anert Bild vu sengen Elteren, déi sech duerch eng sëllege perséinlech a professionell Problemer ausernaner gelieft haten.
"Anatomie d'une chute" ass souwuel en extrem spannende Geriichtsfilm, wéi awer och eng déif, subtil an éierlech Spueresich uechter d’Vergaangenheet vun enger Koppel, an d’Héichten an d'Déifte vun engem Familljeliewen.
D’Justine Triet sezéiert op präzis Manéier d’Bild vun enger staarker Fra, déi nëmme schwéier hannert hir Fassad blécke léisst - eng Fassad, déi ënnert dem Drock vum Procureur an der Aussewelt awer lues a lues zerbréckelt.
"Anatomie d'une chute" wéist Komplexitéit vum Liewen op eng fundamental cinematographesch Manéier, an iwwerrascht ëmmer nees souwuel um visuelle wéi um zeenaristeschen Niveau an deem dëse villschichtege Portrait et fäerdeg bréngt, der Wouerecht verschidde Gesiichter ze ginn, a virun allem de Spectateur och dozou opfuerdert, sech selwer konstant a Fro ze stellen.
Dëse magistralen Drama, dee mat der Palme d’Or um Festival vu Cannes ausgezeechent gouf, kritt duerch déi ëmsou méi authentesch Interpretatioun vum Sandra Hüller nach eng weider zäitlos Dimensioun, déi nach laang no deem d’Luuchten am Kinossall nees ugaange si seng Spueren hannerléisst.