D’Filmrei mam Titel Equalizer ëm de fréieren Geheimagent Robert McCall ass op enger Televisiounsserie aus den 80er Jore baséiert. Am Joer 2014 koum déi éischt Filmadaptatioun an de Kino. Hei huet den Hollywood-Acteur an Oscar-Gewënner Denzel Washington ënnert der Regie vum Training Day Realisateur Antoine Fuqua d’Haaptroll gespillt. Am drëtten, a viraussiichtlechem leschte Volet, verschléit et de Revanchesüchtege Veteran an de Süde vun Italien.

Nodeems de fréiere Geheimagent Robert McCall engem Mafiosi a Sizilien op d’Spuere komm ass a seng ganz Organisatioun reegelrecht niddergemetzelt huet, lant hie schwéier verwonnt an enger klenger Hafestad. Och wann hie sech hei séier wéi Doheem fillt a vun den Awunner mat oppenen Äerm empfaange gëtt, sou muss hien nees zu onorthodoxe Mëttele zeréckgräifen, wann e geséit, wéi d’Mafia d’Mënschen ëm hien erpresst an ausnotzt. D'Equalizer-Filmer schreiwe sech ouni Ëmwee an de Genre vum puere "Revenge Film" an. Gewalt a Blutt sinn e grousse Bestanddeel vun deem Genre, deen de Realisateur Antoine Fuqua wéi soss bal keen anere Regisseur maîtriséiert. Dësen 3. Volet ass deemno och bei Wäitem dee Beschten aus dëser Saga, och well e sech e genësserleche Spaass mécht, mat de Code vum Genre ze spillen.

D'Geschicht ass wuel previsibel, ma et ass um ästhetesche Plang, wou dëse bluddegen Thriller extrem gelongen ass. Nieft enger virtuoser Mise en scene, läit et awer och un engem ëmmer nees fantasteschen Denzel Washington, dee sengem Personnage genee esou eng grouss physesch Vulnerabilitéit, wéi déi onëmgänglech Keelt vum Killerinstinkt mat enger natierlecher Liichtegkeet gëtt. Equalizer 3 ass doriwwer eraus och e Plaidoyer géint déi sozial Ongerechtegkeet, déi aus dem Robert McCall e moderne Robin Hood mécht.