"Acide" vum Just Philippot
Am franséische Katastrophefilm Acide ass nieft dem Guillaume Canet déi Lëtzebuerger Schauspillerin Marie Jung ze gesinn. De Film huet dëst Joer um Festival vu Cannes seng grouss Premiere gefeiert a leeft vum nächste Mëttwoch un an de Kinoen un.
Dat 15 Joer jonkt Selma leit ënnert der Trennung vu sengen Elteren. Wann däischter Wolleke sech iwwert Europa breetmaachen a brennende sauere Ree vum Himmel fält, muss dës zerstridde Famill nees zesumme fannen, fir dës natierlech Katastroph z’iwwerliewen.
ACIDE ass e franséische Genre Film, deen op Fong vun enger ekologescher Katastroph d’Schicksal vun enger Famill erzielt, déi sech ausernaner gelieft hunn. Dësen Usaz bleift awer dacks eng Ureiung vu Clichéen an engem Dréibuch, deem et konstant u Credibilitéit feelt. Wann d’Panikmomenter ëm di natierlech Katastroph wuel gelonge sinn, sou schéngt den Acteur Guillaume Canet awer konstant an enger onverständlecher Apathie gefaangen ze sinn.
De stäerkste Moment vun dësem dach ambitiéise Film ass wann eng besuergte Mamm vun engem kranke Bouf, gespillt vun der exzellenter Lëtzebuerger Actrice Marie Jung, de Canet a seng Duerschter bei sech ophuelen an op energesch a fundamental éierlech Manéier, esouwuel humanistesch wéi moralesch Froen opwerft. All dës Attributer kommen am Recht vun ACIDE soss nawell ze kuerz an engem Genre Film, deen nëmme seelen iwwert seng eegen Ambitioun ewech gesäit.