"Kommunioun" vum Jacques Molitor
A sengem leschte Film "Kommunioun" traut sech de lëtzebuergesche Realisateur, Jacques Molitor un den düstere Genre vum Horrorfilm erun.
E Genre deen dofir bekannt ass, grujeleg Elementer als Metapher ze benotzen, fir iwwert gesellschaftlech Problematiken ze schwätzen. Sou ginn och hei Themen ewéi d'Zwouklassegesellschaft, Traditiounen a Rassismus ugeschwat.
De Film erzielt d'Geschicht vum jonke Martin, deen duerch en ongewéinlecht aggressiivt Verhalen opfält. Seng Mam hëlt en dorops mat bei seng Grousselteren, wou e grujelegt Familljegeheimnis d'Behuele vum Bouf erkläert.
D'Dréibuch ass bis zum Schluss koherent a spannend. Ma virun allem d'Ausstattung, d'Kamera, d'Beliichtung an de Grading stieche béi dësem Film eraus a maachen aus Kommunioun e visuellt héichwäertegt Wierk.
Leider enttäusche verschidde Spezialeffekter duerch hier kaum iwwerzeegend Apparence. Och hätt ee verschidden Horrorelementer méi konsequent kënnen duerchzéien an et fillt een eng gewësse Retenue, déi den Impakt vum Film verréngert.
Kommunioun ass en originale Film an der lëtzebuergescher Filmlandschaft deen ze hoffe gëtt, datt sech déi lokal Zeen traut, néi Weeër anzeschloen fir Geschichten ze erzielen.