Film vun der Woch
"Complètement Cramé" vum Gilles Legardinier

Den Andrew Blake, e brittesche Pensionär, mécht Vakanz an engem Schlass a Frankräich. Ma seng Vakanz verwandelt sech séier an e Stage als Buttler.
"Complétement Cramé" ass e liichte Kascht, dee sech esouwuel un e jonke wéi och un e manner jonke Public riicht. D'Witzer sinn zimmlech flaach gehalen an d'Handlung bleift duerch an duerch zimmlech berechebar.
Och d'Präsens vum Fanny Ardant oder dem John Malkovic ginn net duer, fir aus dësem passabelem Film e gréissert Meeschterwierk ze maachen.
Ma vläicht ass et eben dëse Liichtsënn, deen aus dësem Film eng verdaulech Geschicht fir e Familljenausfluch am Kino un engem reenregem Sonndeg mécht.
Am meeschte gelies