The "Hunger Games: Ballad of Songbirds and Snakes" vum Francis Lawrence
Tëschent 2012 an 2015 koume 4 Verfilmunge vum Suzanne Collins hirer Erfollegräicher Bichersaga The Hunger Games an de Kinoen eraus. Nom weltwäiten Erfolleg vun dëser Filmrei, déi weltwäit knapp 2,5 Milliarden Dollar agespillt huet, leeft zënter dëser Woch e fënnefte Film an de Kinoen, deen op den Ursprong vun den Hunger Games zeréckkënnt. De Loïc Tanson mam Film vun der Woch.
D'Hunger Games ginn an hir 10. Editioun. Déi brutal Spiller, an deenen 2 Jonker aus den 12 Distrikter an eng eenzeg Arena geschéckt ginn, fir sech géigesäiteg nidderzemetzelen, bis just nach een iwwerlieft, hunn awer net méi de selwechten Erfolleg beim Publikum wéi fréier. Fir d’Spiller opzemotzen, versichen d’Maacher, d’Hunger Games méi spannend ze gestalten. Do kënnt déi jonk Elitt aus der Haaptstad an d’Spill, déi fir hire Schoulofschloss ze kréinen, e Kandidat musse parrainéieren a coachen, fir se méiglechst attraktiv an den Ae vun den Zuschauer ze maachen. Ënnert hinnen ass de jonke Coriolanus Snow, deen aus enger räicher Famill kënnt, déi awer duerch de Krich hire privilegiéierte Status verluer huet. Trotzdeem versicht de Coriolanus, alles drun ze setzen, fir dem Numm vun der Snow-Famill nees zu alem Glanz ze verhëllefen an d’Hunger Games sinn deemno dem ambitiéise Kärel seng lescht Chance.
The Ballad of Songbirds and Snakes ass eng sougenannten “Origin Story” vum spéideren Diktator Coriolanus. Dem I-am-Legend- a Constantine-Realisateur Francis Lawrence ass mat dëser Virgeschicht vun den Hunger Games e Film gelongen, dee méi spannend, clever a villschichteg a virun allem manner naiv ass, wéi de Rescht vun der Saga. Hannert intrigante Personnagen, déi vun exzellente Schauspiller wéi dem Rachel Zegler an dem Tom Blyth verkierpert ginn, stécht en Drama, deen et schlussendlech fäerdegbréngt, déi jonk formativ Jore vun engem spéidere kalbliddegen Diktator op pakend Manéier ze erzielen. Domat gëtt der Schrëftstellerin Suzanne Collins hir dystopesch Welt, déi als Spigelbild vun onser Realitéit funktionéiert, op spektakulär Aart a Weis weider ausgebaut.