E verspillten an hoffnungsvollen Animatiounsfilm, dee beweist, datt ze vill Käch net ëmmer de Bräi verdierwen.

Dat 11 Joer alt Marie lieft mat senger Mamm a senger Groussmamm an Irland an huet ee groussen Dram Kächin ze ginn. Zwar kann d’Marie op d’Ënnerstëtzung vun hirer Famill zielen, de Wee bis dohinner ass awer vu sëllege Schicksalsschléi charakteriséiert.

Wie sech op den Zeechestil vun dëser Coming of Age Story aléist, kann sech op eng dynamesch a poetesch Rees duerch iresch Landschafte gefaasst maachen.

"Alles gëtt wonnerbar!" ass en ënnerhalsamen, lëschtegen an hoffnungsvolle Film, deen awer net zéckt méi schwiereg Thematiken unzeschwätzen, ma dat, ewéi et den Titel verréit, ouni d’Hoffnung aus den Aen ze verléieren.