A sengem leschte Film "Un Silence" baséiert sech de Joachim Lafosse op e richtege Fait Divers.

De Film erzielt d’Geschicht vun engem Affekot, deen - obwuel e sech fir Affer vu Pedophilie asetzt - selwer Pedokriminell ass. E komplext Thema, dat de belsche Realisateur mat Virsiicht ugeet, vläicht esouguer e bëssen ze vill. De Film setzt nämlech op eng reng contemplativ Approche, duerch déi weder d’Personnagen nach d’Thematik verdéift kënne ginn.

Wat bléift ass e Familljendrama, eng liicht wann och net beméite Kritik u Medien, an en Antagonist, gespillt vum Daniel Auteuil, deen ewéi e Geescht ronderëm seng Famill schwieft an dës duerch säi Wiese vergëft.

Un Silence déit Thematiken un, ouni se wierklech unzeschwätzen, wouduerch ee sech freet, ob d'Geschicht vun engem einfache Familljegeheimnis net och duergaange wier. Ma vläicht hätt dat fir manner Opmierksamkeet gesuergt.