Bal 5 Joer ass et hier, datt de Realisateur Pol Cruchten gestuerwen ass. Ma hien ass awer nach ëmmer an der lokaler Filmzeen present. Dës Woch ass säi leschte Projet, "L'Invitation" an de Kinoen ugelaf.

Ugefaangen huet dëse Projet mat enger Invitatioun. Déi vum Regisseur Sissako Abderrahmane un de Pol Cruchten. Si sollen zesummen Téi a Mauretanien drénken. Doropshin huet de lëtzebuergesche Regisseur ganz spontan den italieenesche Fotograf Fabrizio Maltese mat agelueden. Dorausser ass d’Iddi entstanen, en Documentaire iwwert Mauretanien ze dréinen. De Fabrizio Maltese, dee virun allem fir seng Portraite vu Filmstare bekannt ass, sollt Ufanks als Chef-Operateur um Projet schaffen.

Leider ass de Pol Cruchten fréizäiteg verstuerwen, wouropshin d'Entscheedung getraff gouf, datt de Fotograf och d’Regie sollt iwwerhuelen.

Et ass keng Iwwerraschung datt "L'Invitation" virun allem duerch seng Biller iwwerzeegt an dat esouwuel vu Landschaften ewéi och vu Mënschen. D’Wüüst gëtt dobäi ganz besonnesch thematiséiert - e Motiv, dat de Fabrizio Maltese gären a Filmprojeten opgräift.

Eng Invitatioun au Voyage fir all d’Sënner also, déi de Public mat op d’Rees wäert huelen.