... an jo nëmmen net alles eescht huelen ;-)

Viagra geschwënn ouni Ordonnance? Dat géif ville Leit d’Saach vereinfachen. Verschiddener haten nämlech nach Pëllen iwwereg. Si konnten se awer net huelen, well kee Stéck Ordonnance méi Rescht blouf, fir mat der Pëll ofzeschlécken.

Staatsvisitt a Japan: D’Japaner si frou mat Lëtzebuerg. Si kruten nämlech bericht, datt et bei eis Affären ze maachen gëtt. Zum Beispill gi privat ganz vill Haiser renovéiert. D‘Lëtzebuerger hunn och definitiv e Faibel fir Japan, well op de Fassaden oder an de Fënstere bei Renovatioune wäiss Affichë mat engem roude Punkt hänken.

AUDIO: Flunkernews 43 vum Serge Olmo

Harcèlement: A ville Länner ginn et endlech méi streng Gesetzer géint den Harcèlement an d'Attouchementer bei Fraen. An de meeschten Länner ginn d’Gynekologen awer aus dem neie Gesetz ausgeklammert.

Eurogrupp: De Lëtzebuerger Finanzminister huet seng Kandidatur eragereecht, fir President vum Eurogrupp ze ginn. Vu datt de Jean-Claude Juncker Kommissiounspresident ass, sinn dem Pierre Gramegna seng Chancen awer ganz minim. Ee Finanzminister huet awer nach manner Chancen an zwar deen engleschen.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...