AUDIO: Flunkernews 06/18

Faul Ausried: De Mann huet gesot hie géif dëse 14. Februar senger Fra kee Cadeau kafen well hien hir am Fong nach ni op Äschermëttwoch e Cadeau geschenkt huet.

Fusionnéiert: Et ass een iwwerrascht datt de Kim Jong Un zougelooss huet datt di zwee Deeler vu Korea eng Dammen Äishockeyequipe bilden. Domatter acceptéiert de Kim Jong Un datt seng Spillerinne méi wéi sécher a Südkorea wäerten an de Prisong kommen (och wann si nëmmen eng 2 Minutten Strof kréien).

Nom Autosfestival: D’Leit si ganz kloer net méi esou frou mat hiren alen Autoen. D’Autoe goufen um Festival nach geheemelt. Direkt nom Autosfestival goufen dës gekraazt. Vläicht huet dat awer mam Schnéi ze dinn dee gefall ass?

Dopping bei de Russen: Anscheinend ass dat bei hinnen esou massiv datt verschidde Russesch Athleten esouguer fir d’Cérémonie d’Ouverture gedoppt waren.

Carnaval a Katalounien: Di Mask déi am dackste gebraucht gëtt ass natierlech déi vum Chef vun de Separatisten Puigdemont. Dohanne schwätzen si och vu Carles-naval.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...