AUDIO: Flunkernews 16/18

Wahlen an der Tierkei: De President Erdogan huet Neiwahlen annoncéiert fir de 24. Juni. Et sinn der déi soen datt d’Resultater schonn den 23. Juni kinnte bekannt ginn…

Neien Moment op Kuba: Nodeem de President vum CIO Thomas Bach bei de Kim Jong Un war fir den Olympesche Gedanken ze verbreeden soll hien och bei de Castro Nofolger Miguel Canel fléien. Och do wëll de Bach d’Wäerter vum Baron de Kuba-rtin verbreeden.

D’Decisiounen an de Pokaler: Et ass grad an dëser Phase vum Joer wou d’Leit hier Wiss méinen, d’Hecken an d’Blumme schneiden wou d’Decisiounen hei falen. Et ass definitiv op den Terrainen an an de Gäert d’Period vun der Coupe.

Diktatoren a chemesch Waffen: Hunn si endlech verstanen datt si keng chemesch Waffen dierfe benotzten?! Vü datt ëmmer méi Leit allergesch sinn op Bierken, Eechen… oder och Graszorten, a Problemer mat den Otemweeër hunn, kann ee fäerten datt Bacharen an Co. aus deene Beem- a Planzepollen, Bomme kinnte maachen. Do gëtt et jo nach kee Verbuet.

Den Armstrong bezillt 5 Milliounen Dollars: dëst fir d’Poursuitten géint sech ze stoppen. De Floyd Landis hat säin ex Leader viru bal 10 Joer beschëllegt a war een vun den éischten Whistleblowers. Ass et well hien géint den Armstrong ausgesot hat datt hien als Lance-eur d’alerte ugesi gëtt?

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...