Visitt vum Macron beim Trump: Déi Visitt ass elo grad an der Period gewiescht wou esou vill iwwert d’Waffen an den USA geschwat gëtt. Et gouf wärend der Visitt immens vill driwwer gelästert datt béid Presidente sech di ganzen Zäiten ugepaak hätten. Muenchereen seet et wier fir ze kucken ob säin Presidentekolleg eng Waff hat.
Streik bei der SNCF an Oktav: Muench franséisch Pilger hu wéinst dem Streik Problemer fir bis an d’Stad ze kommen. Et ass ugefrot ginn ob net fir si eng Ausnam kinnt gemaach ginn a verschidden Lokomotiven kinnten extra agesat ginn. Déi Maschinn wier d‘Lok-tav.
Keng Rakéitentester méi: Dat war jo d’lescht Woch d’Annonce vum Kim Jong Un. An alle Länner gouf dat begréisst. D’Britten haten sech déi Deeg awer méi gefrot wéi et hirer Prinzessin Kate géif goen an ob bei hir d‘Schwangerschaftstester an der Rei wieren. D’Britten waren also d’lescht Woch éischter op anere Ra-Kate-entester fokusséiert.
Opstand zu Schraasseg: Virun e puer Deeg goufen et di schroosten Ausenersetzungen mat vill Gewalt an engem Prisong zu Washington. Hoffentlech hu sech di schraasseger Prisonéier net dovun inspiréiert. Et ass zwar schonn e bedenklecht Zeechen well d’Incidenten virun allem zu Schraasseg an der Wash-kichen waren.
Jungels méi populär wéi de Premier: De Bob Jungels a seng Equipe Quick Step sinn einfach nëmmen topp. De Quick Step Parquet ass deemno och dee Belag dee bei eis am Land an international tromp ass. Méi wéi de Premier an d’Ried zur Lag vun der Natioun huet eise Cycliste-Primus an de Belag vun der Natioun d’Lëtzebuerger matgerappt.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...