Fir d'Fans vun CS:GO heescht et elo d'Ouere spëtzen: E-Sports Luxembourg organiséiert nees hire nationalen Tournoi. Inscriptioune bis Enn August!

D'Associatioun E-Sports Luxembourg gëtt et zënter 2 Joer an ass am Beräich E-Sports, also dem kompetitive Gaming zu Lëtzebuerg aktiv. 2017 gouf et déi éischten Editioun vun de Luxmasters, also engem kompetitiven Event ronderëm d'Spill Counter Strike, bei deem 5 géint 5 gezockt gëtt.

Déi 2. Editiounen 2018 gouf am Mee vun E-Sports Luxembourg annoncéiert. Zënter dem 1. Juli bis nach den 31. August kënnen Ekippen sech umellen, dat iwwert e Formulaire op Luxmaster.lu. Maximal 8 Leit kann een umelle pro Ekipp, 5 Persounen mussen et der op mannst sinn. Leit déi keng Ekipp zesummekréien, kënnen sech trotzdem umellen, esou de Steve Cannivy vun E-Sports Luxembourg:

AUDIO: De Steve Cannivy, President vun E-Sports Luxembourg

De Steve erkläert och, wat am Verglach zu 2017 ännert:

AUDIO: De Steve Cannivy, President vun E-Sports Luxembourg (2)

Tëscht dem 15. September an ugangs November ginn dann d'Online-Gruppephase gespillt. D'Finalle gi vum 1. Dezember un an der Schongfabrick ausgedroen.  Hei kann dann och de Public d'Ekippen ënnerstëtzen.

RTL

© E-Sports Luxembourg

Iwwregens gouf et dëst Joer dann och schonn e 1-on-1 Event, esou de Sven vun E-Sports Luxembourg:

AUDIO: De Sven Cannivy, Vize-President vun E-Sports Luxembourg

Och wann et nëmmen Iwwerleeunge sinn, denkt ee bei E-Sports Luxembourg och driwwer no, eventuell aner Spiller niewent CS:GO ze ënnerstëtzen:

AUDIO: De Steve Cannivy, President vun E-Sports Luxembourg (3)

Am Interview waren de Steve, President a Matbegrënner vun E-Sports Luxembourg, de Sven, Vize-President vun E-Sports Luxembourg an de Jerome, Matbegrënner an interne Coordinateur bei E-Sports Luxembourg.