Obwuel ufanks säitens "Take Two" (Publisher) betount huet, kee Battle Royale Modus an d'Spill ze bréngen, fënnt een de Mode zënter dem 10. Januar am Spill.

Bis zu 32 Spiller mussen, wéi dat an engem Battle Royale Mode sou üblech ass, op enger Map iwwert d'Iwwerliewe kämpfen. Ween als lescht nach iwwreg ass, gewënnt d'Partie. Wärend deem muss een sech als éischt emol natierlech mat Waffen a Munitioun equipéieren. Dobäi kënnt, dass ee ka wielen op ee "Free for all" oder am Team spillt.

Nach am Juni 2018 gouf nach vun "Take Two" betount, dass een net dierft all Trend nomaachen. Elo gouf mam "Gun Rush" allerdéngs e neie Mode etabléiert, deen dann trotzdeem verdächteg no un e Battle Royale Mode kënnt.

Weider iwwerrascht "Rockstar Games" awer scho mat neie Contenue fir déi nächst Wochen a Méint. Dobäi kommen e Renn- an e sougenannte Showdown-Mode, nei Kleedung, Waffen, Emotes, Story-Missiounen an Events.