Am Moment ass EA Access just fir Xbox One a PC ze kréien, 2014 huet Sony de Service refuséiert.

Ufanks hat Sony gesot, dass de Service vun EA näischt oder wéineg fir d'Clientë vu Sony brénge wäert an huet EA Access dohier refuséiert. Ma anscheinend huet Sony sech et awer nach eemol anescht iwwerluecht a schéngt elo méi oppen ze si fir den Online-Déngscht vun Electronic Arts.

Zënter deem de Service eraus ass, ass d'Bibliothéik staark gewuess, vill Spiller si bäikomm. Verschidde Spiller vun EA, sinn hei schonn en halleft Joer nom Release drop.

Et ginn awer och Rumeuren, dass de Service fir Switch soll erauskommen. Wien dann elo den Zouschlag kritt, ass nach ofzewaarden.