De Jang Gaspar an de Paul Theisen hu fir eis Andréck vum konterbonte Samschdeg zu Ettelbréck agefaangen.

E Samschdeg, de 15. September 2018 war an der Pattonstad eng méi lass, do war "Ettelbrooklyn 2018 - Streetfest". Et goufe ganz vill Animatiounen, zum Beispill op der Place de la Libération Skateboardingworkshop fir Kanner a Jugendlecher, Graffiti-Workshop, Dance-Workshop, Schach fir jiddereen ... An der Foussgängerzon, Place de la Résistance, Place Guillaume an op der Place de l'Église gouf et och Animatiounen an eng Rëtsch Concerten ... an zum Ofschloss op der Place de l'Église nach "LUCE - La Compagnia Del Folli" mat Akrobatie um Seel, mat Dicher, op Stelzen a mat enger Bull an an der Loft un engem Ballon.

© Paul Theisen