Se si scho Millioune vu Joren ausgestuerwen, ma nach ëmmer gi Fuerscher nei Saachen iwwert si gewuer.

Am Süde vun Argentinien, no un den Anden, goufe Fossilie vun engem 12 Meter laangen Dinosaurier fonnt – engem Planzefrësser.

De Skelett wier gutt erhalen, mat engem Scheedel-Fossil, Deeler vum laangen Hals oder och vum Schwanz.

Déi nei entdeckten Aart krut den Numm "Lavocati-saurus agrio-ensis" a soll viru ronn 110 Millioune Jore gelieft hunn.