Edsun in Concert, Album-Release vu Go by Brooks, Danz mam Anne-Mareike Hess an "The End is your choice" an der Galerie Nosbaum Reding

"Edsun" am Kinneksbond zu Mamer

Virun engem Mount huet den Edsun säin neien Album erausbruecht. De Concert huet och den Ofschloss vu senger "Platonic Touch Tour" markéiert a fir elo d'Joer 2018 ofzeschléissen, spillt de Museker nach eng Kéier am Kinneksbond zu Mamer. Den Edsun ass schonn zimlech eenzegaarteg a sengem Stil a ka sech och ëmmer erëm op internationale Bühne behaapten. De Lëtzebuerger Kënschtler huet fir sech eng ganz artistesch Manéier fonnt fir Danz a Musek mateneen ze verbannen an huet dofir och eng grouss Bühnepräsenz.

De Mëttwoch den 12. Dezember kann een hie live am Kinneksbond erliewen.

 

"Go by Brooks" neie Release

Méi e melancholesche Charakter huet de Stil vun der Band "Go by Brooks", déi sech awer domadder och eng gutt Audience opgebaut hunn.
D'Band huet sech 2013 ënnert dem Impuls vun der Sänger Laetitia Koener gegrënnt. Déi aner Bandmembere sinn: Nicolas Palumbo op der Gitarr, Sacha Heck um Bass, Jérôme Moes um Keyboard an Tom Roilgen als Drummer.

No zwou EP, kënnt elo hiren éischten Album eraus. Den Titel vum Album ass "Another Flame" an hei bleiwe si och ganz hirem Stil trei: melancholesche Rock mat déifgrënnegen Texter

Fir de Release spillt Go by Brooks e Samschdeg 8.12 an der Kulturfabrik zu Esch.

Anne-Mareike Hess an der Abtei Neimësnter

Déi zäitgenëssesch Dänzerin a Choreographin Anne-Mareike Hess schafft schonn zënter bal zwee Joer un engem Solo-Stéck. De Spektakel ass a ganz ville verschiddene Residenzen ausgebaut ginn. Ugefaangen huet si zu Melbourne, wou si hir Recherche gemaach huet, dono hat se Tëschestoppen ë.a. zu Berlin a Göteborg. Déi lescht Phase ass hei zu Lëtzebuerg iwwer 3 Wochen an enger Residenz ausgeschafft ginn. Si reest andauernd an ass eigentlech ni méi wéi ee Mount op enger Plaz.

De Spektakel "Warrior" ass vun e Freideg 7.12 bis e Sonndeg 9.12 an der Abtei Neimënster ze gesinn.
Méi iwwer d'Anne-Mareike Hess gëtt et muer den Owend an der Artbox op der Tele.

PREVIEW: Dës Woch an der Artbox: Anne-Mareike Hess
D'Dànzerin Anne-Mareike Hess

Expo "The End is your choice" an der Galerie Nosbaum-Redin

Wierker vun den dräi Lëtzebuerger Kënschtler Marie-Paule Feiereisen, Irina Gabiani a Philippe Lamesch ginn den Ament um Fëschmaart gewisen.

D'Expo leeft am Kader vun den "Nosbaum Reding Projects", dat ass e Programm wou jonk an opstriewend Kënschtler d'Geleeënheet kréie fir auszestellen ënnert dem Impuls vu Gaascht-Curateuren, déi dat Ganzt organiséieren. Dat mussen och net ëmmer Lëtzebuerger sinn, dat kënnen och Kënschtler vun iwwerall op der Welt sinn.

Déi Ausstellung kann een sech nach bis de 5. Januar an d'Galerie Nosbaum-Reding ukucke goen.