No 44 Joer ass den Dokter Camille Conter, e Pediater, deen also direkt e puer Generatiounen u Kanner als Patienten hat, dëse Summer a Pensioun gaangen.

Mammen a Pappen, déi scho selwer bei him als Kand waren a bis zu Lescht och mat hiren eegene Kënnercher bei hien a Consultatioun koumen, waren engem Facebook-Opruff nokoum an hunn iwwer déi lescht Méint Fotoen, Bréiwer a Kannerzeechnungen un d'Simone Bleser geschéckt.

Dr. Camille Conter: E Kannerdokter wéi am Billerbuch
No 44 Joer ass den Dokter Camille Conter, e Pediater, deen also direkt e puer Generatiounen u Kanner als Patienten hat, dëse Summer a Pensioun gaangen.

Si, och eng fréier Patientin, hat sech dat Ganzt ausgeduecht an déi vill Remerciementen, awer och mol emotional Erënnerungen zu engem Buch banne gelooss.

Erauskomm ass eng schéin Aktioun, fir dee Mann ze éieren, deen iwwer Joerzéngte ganz vill Kanner am Raum Péiteng erëm gesond gemaach huet - a quasi ronderëm d'Auer fir seng kleng Prinzessinnen a Tarzanen do war. Den Dokter Conter ass eréischt a Pensioun gaangen, wéi e wousst, datt en e gudden Nofolger fir seng kleng Patienten hätt.