De Weekend waren zu Iechternach am Trifolion d'Weltmeeschter am Breakdance op Besuch mat hirer Show Breaking Mozart.

Wat alles spektakulär an zugläich einfach ausgesäit, ass a Wierklechkeet haart Aarbecht. De Régis Thill war op Iechternach hannert d'Kulisse kucken an huet den Artiste beim Opwierme virun der Show nogekuckt.

Meeschtens gesi mir Breakdance-Artisten a Groussstied op Stroossefestivallen an da gesäit dat aus, wéi wann e puer Kollege sech zesummendinn, fir ouni Virbereedung spontan eng kleng Show ofzeliwweren. Sou einfach ass dat net, well de Kierper gëtt gefuerdert wéi dee vun engem Spëtzenathlet, wann ee soll eng Show vun 90 Minutten bréngen.

Datt eng Kéier 500.000 Leit hir Show géinge besichen, hätte si och net geduecht.Dass een d'Musek vum Mozart mat Breakdance associéiert, ass och net evident. Awer wat d'Dänzer aus der Kombinatioun vun hirer Artistik mat der Rhythmik vum Mozart maachen, dat passt.