“Europe – my heart will be broken and eaten”, esou den Titel vun der neister Inzenéierung am nationalen Theater vum däitsche Regisseur Armin Petras.

1930 ass d'Theaterstéck "La voix humaine" vum Jean Cocteau déi éischte Kéier opgefouert ginn. De Klassiker ass zënter deem ëmmer erëm gespillt a fräi adaptéiert ginn. “Europe – my heart will be broken and eaten” esou den Titel vun der neister Inzenéierung am TNL, vum däitsche Regisseur Armin Petras. De bekannten Telefonsmonolog vum Jean Cocteau gouf an dëser Produktioun op eng méi experimentell an zäitgenëssesch Manéier ëmgesat. Den Text vu “Europe my heart will be broken and eaten” ass vum rumäneschen Auteur Salat Lehel, dee sech un “La voix humaine” inspiréiert huet. De Monolog kënnt hei a Form vu Video-Projektiounen erëm wou et dann och ëm de politesche Lien tëschent Ost- a Westeuropa geet. Dëst ass dann och den Haaptënnerscheed zum Jean Cocteau sengem Wierk. De Jean-Guillaume Weis steet hei eleng op der Bühn a kommunizéiert just iwwert Ecrane mat senger Frëndin, déi gespillt gëtt vum Maria Tomoiaga. An der Geschicht geet et ëm eng Libesgeschicht, eng Fernbezéiung, hie lieft a Westeuropa, si an Osteuropa.

D’Maria Tomoiaga kënnt aus Rumänien a fir si war dëst Stéck eng grouss Erausfuerderung. Als Schauspillerin ass si gewinnt, ëmmer eng aner Persoun ze spillen. D’Roll, déi si hei spillt, kënnt hirem Liewen awer immens no. Genau wéi am Text ass si mat hirem Grousspapp opgewuess. Si kämpft och mat der Regierung an et gëtt ganz vill iwwer d'Protester a Rumänien an an Osteuropa am allgemenge geschwat. Si selwer stoung och scho bei -27 Grad op der Strooss ze jäizen an ze protestéieren.

An Däitschland ass de Regisseur Armin Petras scho laang keen ongeschriwwent Blat méi. Mat „Europe my heart will be broken and eaten“ huet hien awer elo seng éischt Inzenéierung hei zu Lëtzebuerg am TNL realiséiert. An wat sécherlech speziell ass dat ass d’Situatioun vum Publikum, wéi am Kino kann ee sech hei a gemittlech Sëtzsäck zréckleeën an d’Theaterstéck op sech wierke loossen.

Den 12. Januar war d’Première a weider Datume, wou gespillt gëtt, sinn den 13., 30. an 31. Januar sou wéi den 1. an den 2. Februar.