E Mëttwoch den Owend ass d’Première vun der neier Theaterproduktioun „Pièce en plastique“ am Centaure.

AUDIO: "Pièce en plastique": de Reportage vum Patricia Baum

Et geet ëm eng Famill, déi mat hiren alldeegleche Problemer ze kämpfen huet. De Mann ass Dokter an d’Fra schafft fir e bekannte zäitgenëssesche Kënschtler. Dat heescht berufflech hu si allen zwee schonn immens Stress. Dobäi kënnt dann och nach de Bouf, dee grad matten an der Pubertéit ass a mat deem se net wierklech wëssen ëmzegoen. Si decidéieren dann, eng Botzfra z'engagéieren, d’Jessica. An d’Jessica soll hinnen eben e bëssen eng Laascht ewechhuelen.

D’Marion Poppenborg, d’Regisseurin erkläert:

AUDIO: Marion Poppenborg (1)

Den Titel steet ënner anerem metaphoresch fir de Mann, deen u sech ëmmer de ganzen Dreck muss ewechkieren, praktesch wéi e Stéck Plastik. Hie muss sech dann och ëm di onangenehm Situatioune këmmeren. Am Stéck ass zum Beispill eng Zeen, wou de Mann der neier Botzfra soe soll, datt se net esou angenehm richt, an di Zeen ass urkomesch einfach aus deem Grond well ee sech esou do erafille kann, wann een enger Persoun esou eppes soe muss.

AUDIO: Extrait "Pièce en plastique"

D’Rosalie Maes spillt d’Botzfra, eng Roll, déi vill Feigefill an Timing brauch, si huet nämlech net vill Text a si äntwert eigentlech ëmmer zimlech zréckhalend an ouni grouss Emotiounen. Mat dobäi sinn dann och nach de Marc Baum, d’Sascha Ley, den Antoine Morin an de Massimo Riggi. D’Theaterstéck ass ursprénglech vum däitschen Auteur Marius von Mayenburg an ass dann op franséisch iwwersat ginn, aus deem Grond, well dem Centaure säi Markenzeechen déi Franséisch Sprooch ass.

AUDIO: Marion Poppenborg (2)

E Stéck also fir ze laachen a wou ee sech wahrscheinlech och an déi eng oder aner Situatioun eraversetze kann.

E Mëttwoch den Owend ass also d’Première vun "Pièce en plastique".

D'Theaterstéck kann een nach bis den 2. Februar an de Centaure kucke goen.

VIDEO: D’ArtBox mam Marc Baum
All Woch si mir mat engem Kënschtler ënnerwee an kréien en Abléck an säin Alldag.

Théâtre du Centaure :

janvier 2019 : 16, 17*, 18, 25, 26, 27*, 29, 30, 31*

février 2019 : 1, 2

Les spectacles commencent sauf mention contraire à :

18h30 les jeudis et dimanches (*)

20h les autres jours.

Tarifs: 20€ / 8€

Kulturpass accepté