An hirem satiresche Réckbléck op d'Joer 2018 gëtt déi national an déi international Aktualitéit vun zejoert op d'Schëpp geholl.

AUDIO: Märd alors - De Reportage vum Claudia Kollwelter

Wärend ronn 2 Stonnen hunn de Jhemp Hoscheit an de Jules Arpetti zréck op dat gekuckt, wat zejoert geschitt ass. Vun engem Sëtzstreik zu Schraasseg, deen se sou absurd nennen wéi wann déi ouni Schaff d'Aarbecht géifen néier loossen, iwwert dem Xavier Bettel seng Felicitatiounen via Twitter un de falschen Helminger oder och nach dem Desinteressi um Projet Esch2022, wou d'Politik d'Kultur geréiert an d'DP hir Leit placéiert - d'Joer hat vill ze bidden.
Den Erdogan, deen zréck gewielt gëtt, haaptsächlech vun Tierken déi am Ausland wunnen, wier wéi fräi lafend Hénger, déi sech fir Käfeghaltung ausschwätzen. De russesche Geheimdéngscht verwiesselt de Fernand Kartheiser mat engem Känguru, de Syndikat vun de Kierchefabrécken war dogéint, datt d'Kapell vum Wim Delvoye aus dem Mudam geholl gëtt an d'Deborah de Robertis kritt eng Bourse a Form vun engem Soutien.

Dier mierkt, déi 2 Artisten hu sech net op een eenzegt Themefeld fokusséiert. Och de Sport kritt eng op den Deckel, mat der Fro wat dat éischt ass, wat ee vum Dokter verschriwwe kritt, wann een Asthma huet - an der Äntwert: Vëlo fueren!

D'Text-Passage ginn am Dialog tëscht den zwee Artisten oder a klénge Rollespiller opgefouert. Dertëscht ginn et dann awer och musikalesch eege Kreatiounen a Parodien op bekannte Lidder - op der Gittare gespillt a gesonge vum Jules Arpetti.

Och d'Walen an de Walkampf sinn natierlech e Sujet - De verkéierte Fändel vun der ADR, wou bestëmmt deen an der Dréckerei e Fändel hat, der LSAP déi d'Wort, RTL an TNS ILRES jeeweils responsabel fir de Verloscht vun 3 Sëtz mécht, oder d'Piraten, déi hir Prinzipien iwwer Bord geheien a mat der ADR zesummeschaffen.

Et ass e Réckbléck mat ganz ville gudde Pointen, ma a mengen Aen sinn et e bëssen ze vill Sujeten déi ugeschwat ginn, wouduerch sech dat ganzt zäitweis bëssen an d'Längt zitt. De villen Text léisst leider net vill Raum fir méi lieweg a spontan Momenter op der Bühn - déi, wa se dann tëscht den zwee Artisten oder och mam Publik mol entstinn, awer immens erfrëschend sinn.

De weidere Kalenner

23.1.2019 Déifferdeng: Centre Culturel Régional Aalt Stadhaus
38, avenue Charlotte L-4530 Differdange
www.luxembourg-ticket.lu + Stadhaus: info@stadhaus.lu / www.stadhaus.lu

30.1.2019 Beetebuerg: Am Schlass
13, rue du Château L-3217 Bettembourg
www.bettembourg.lu / Organisateur: AC Bettembourg

31.1.2019 Escher Kulturfabrik
116, rue de Luxembourg L-4221 Esch-Alzette
Res.: 55 44 93-1 / inscriptions@kulturfabrik.lu

1.2.2019 Kielen: Café Moonlight
4, rue de Kopstal , Kehlen
Organisatioun: Op Schéimerech

9.2.2019 Éiter: Kulturzenter Am Medenpoull
L–5355 Oetrange
Reservatioun: umellen@contern.lu
Org.: Gemeng Contern an Zesummenaarbecht mat der Kultur-an Tourismuscommissioun

12.2.2019 Suessem: Artikuss
3, rue Jean Anen L-4413 Soleuvre
www.artikuss.lu

14.2.2019 Diddeleng: C.C.R. Op der Schmelz
1a, rue du Centenaire L-3475 Dudelange
Org+Res.: www.opderschmelz.lu
        
28.2.2019 Téiteng: Schungfabrik
14, rue P. Schiltz ¬-3786 Tétange
www.ticket-regiona.lu / www.luxembourg-ticket.lu

2.3.2019 Bech: Ale Gemengesall
1, Ënneschtgaass L-6230 Bech
Res.: 799626 / Org.: KonschtBecher

7.3.2019 Schwéidsbeng: Augustinshaus
route du Vin L- Schwéidsbeng
Org.: Kulturcommissioun vun der Gemeng Schengen
Res.: 691 65 76 17 oder: reservation@schengen.lu

8.3.2019 Mënsbech: Sall Bichelgréitchen
Org.: Schëtter Kulturcommissioun

14.3.2019 Mäertert: Centre Culturel
8a, rue du Parc L-6684 Mertert
Org.: Musel-Sauer Mediathéik / Res.: 661 26 74 04

23.3.2019 Holzem: Festsall
5, route de Garnich L. 8277 Holzem
Res.: reservations@mamer.lu
Org.: Kulturcommissioun + Cercle Culturel Mamer

Iwwerall: Ufank 20 Auer