D'"Lieblingsmensch"-Sängerin ass Mëtt Januar kuerzfristeg operéiert ginn an huet elo missen déi ganz Tour vum Joer 2019 ofsoen.

De 14. Januar huet d'Namika getweet, datt seng Operatioun gutt gelaf wier. Trotzdeem huet hat aus gesondheetleche Grënn scho Mëtt Januar déi éischt 8 Tour Rendezvouse missen ofsoen.

Elo ass awer och den Start vun der Tour vum 24. Januar zu Köln ofgesot ginn. Well et der Sängerin gesondheetlech nach ëmmer net esou gutt geet, ass elo déi komplett "Que Walou" Tour fir d'Joer 2019 gestrach ginn. Och d'Rendezvouse vum 27. a vum 28. Januar zu Lëtzebuerg, déi am Atelier sollte sinn, sinn ofgesot ginn. D'Namika schreift senge Fans, datt et probéiert, séier nees fit ze ginn, fir d'Tour esou séier wéi méiglech nohuelen ze kennen.

D'Tickete bleiwe gülteg, mä kennen och zeréck gi ginn. Wa Leit, déi schonns Tickete kaaft hunn, Froen hunn, sollen déi sech op der Mail-Adress marketing@chimperator-live.de mellen.