Ufank Mäerz geet et vun der Uewerstad op de Kierchbierg an et soll esou mann Knascht a Stëbs wéi méiglech geplënnert ginn.

40 km Dokumenter ginn Ufank Mäerz an déi nei Bibliothéik um Kierchbierg geplënnert. Bis et awer souwäit ass, musse nach verschidde Schrëtt ënnerholl ginn. Momentan ass een an den ale Gebaier vun der Bibliothéik am Gaangen, d'Bicher ze botzen, fir dass keen - oder esou mann wéi méiglech - Dreck a Stëbs mat an dat neit Gebai geplënnert gëtt.

Wéi gesäit esou eng Botzaktioun aus an op wat mussen d'Botzekippe besonnesch oppassen, wann Etagère fir Etagère a Buch fir Buch gebotzt an duerno erëm an d'Regal gestallt gëtt, well bis se dann am Mäerz verpaakt a geplënnert ginn, kann ee se nach ausléinen?

Am neie Gebai da sinn déi 1,8 Millioune Bicher an Dokumenter op enger Plaz an net méi op 7 verschidde Sitte verdeelt.

Fir dass esou eng grouss Plënneraktioun och ganz ouni Problemer verleeft, huet d'Nationalbibliothéik decidéiert, sech hëllefen ze loossen. Si huet dofir 5 Plënnerfirmaen engagéiert - zwou lëtzebuergescher an 3 däitscher.