Dat mellt d'Zeitung "The Guardian", déi sech de Bouf vun der britescher Schrëftstellerin berifft.

Gebuer gouf d'Schrëftstellerin den 22 September 1924 zu Leland, Cornwall. Tëscht 1949 an 2000 huet si verschidde Romaner geschriwwen, dat bis 1965 emol ënnert dem Pseudonym Jane Faser. Et vun hire bekanntste Bicher ass "The Shell Seekers", wou et e bësse gewise gouf, wéi d'Liewen am zweete Weltkrich fir déi Leit war, déi a Groussbritannien gelieft hunn. Dëst Buch gouf iwwer 5 Millioune Mol weltwäit verkaf.

Hiert Buch "Coming Home", wat 1996 erauskomm, gouf mam Romantic Novel of the Year Award ausgezeechent. 2000 huet si sech offiziell aus dem Geschäft zeréckgezunn an 2002 gouf si mam OBE, Order of the British Empire, ausgezeechent, also vun der Kinnigin zum Ritter geschloen.

Gestuerwen ass si de 7. Februar 2019.

Bicher vum Rosamunde Pilcher verfilmt

Am Summer hat de Lëtzebuerger Schauspiller Tommy Schlesser d’Chance, fir eng vun den Haaptrollen an engem Rosamunde-Pilcher-Film ze spillen. De Lëtzebuerger spillt en homosexuelle Mannschafts-Dokter, deen eng heemlech Liebes-Geschicht mat engem Profi-Fussballer huet. An dëse Film gëtt elo nom Doud vun der Schrëftstellerin e Sonnden um 20:15 um ZDF diffuséiert. D’Raphaelle Dickes war am Summer fir ons um Set derbäi a konnt den Tommy bei senger Aarbecht begleeden.

VIDEO: Tommy Schlesser e Sonndeg an der Haaptroll um ZDF
En Donneschden koum déi traureg Noriicht, dass déi bekannte Schrëftstellerin Rosamunde Pilcher am Alter vun 94 Joer gestuerwen ass.