Nodeem de Ministère annoncéiert huet, d'Gebai schützen ze wëllen, wier een op der Escher Gemeng op d'Iddi fir e Kanner- a Jugendtheater komm.

Aus dem Escher Ariston soll eng regional Bühn fir ënner anerem Kanner- a Jugendtheater ginn.  Dat hunn d'Gemengeresponsabel am fréie Méindeg Nomëtten um Site ugekënnegt. Et hätt een den Ariston net wëlle kafen a schützen, well d'Aarbechten dorun ze deier gi wären. Ma nodeems de Kulturministère annoncéiert hat, d'Gebai protegéieren ze wëllen, wär een op dës Iddi komm, un där sech awer wa méiglech aner Gemengen oder Sites&Monuments bedeelege sollten, huet de Buergermeeschter Georges Mischo erkläert.

Dem Kulturschäffe Pim Knaff no géif et och en Intressi vun Esch 2022 ginn, fir sou eng Theateraffectatioun vum Ariston, fir deen zanter 2016 no engem Keefer gesicht gëtt. Et ass e Besoin do, fir en zweeten Theatersall an der Regioun an hei wier dofir eng ideal Plaz.

Zanter dem 21. Januar préift de Kulturministère, ob den Ariston ënner Denkmalschutz gesat gëtt. Elo muss awer nach de schrëftlechen Avis vun der Gemeng an de Ministère kommen, éier d'Ministesch Sam Tanson eng Decisioun kann huelen. Wann d'Gebai da klasséiert ass, péckt Sites et Monuments finanziell bei de Renovatiounsaarbechten eng Hand un. Perséinlech fënnt d'Kulturministesch et flott, datt hei grad eng Plattform fir Kanner a Jugendlecher soll entstoen. Esou kann een der jonker Generatioun d'Kultur méi no bréngen.

AUDIO: Ariston zu Esch / Reportage Eric Ewald